
Am Lokalen huet et en Donneschdeg den Owend géint 17.30 Auer op engem Chantier an der Baaschtenecherstrooss zu Ettelbréck gebrannt. Et blouf beim Materialschued. D’Strooss war zäitweileg gespaart. D’Feier ass hënt nees ugaange wéi et schéngt, well de CGDIS mellt e weidert Feier an der Nuecht kuerz virun 01.00 Auer op där selwechter Plaz.
An um Boulevard Kockelscheier gouf eng Persoun an engem Accident um Auer blesséiert. En Auto an e Bus waren hei aneneegerannt.