
E Mëttwoch géint 19.30 Auer hat den Daach vun engem Haus an der Munnerefer Strooss zu Réimech Feier gefaangen. D’Pompjeeë vu Réimech, Duelem, Kanech a Schengen waren op der Plaz, fir d’Feier ze läschen. Blesséiert gouf keen.
Um 03.31 Auer en Donneschdeg de Moien hat dann an der Rue Michel Welter an der Stad eng Elektreschkëscht gebrannt.
Iwwerdeems mellt de CGDIS, dass sech um 20.25 Auer e Mëttwoch den Owend beim Pont Bücheler an der Stad 2 Autoen ze pake kruten. De Rettungsdéngscht aus der Stad gouf op d’Plaz geruff. Blesséierter goufen et allerdéngs keng.
En Donneschdeg de Mëtteg géint 12.25 Auer huet et op der A31 a Richtung Metz tëscht dräi Gefierer geknuppt. D’Rettungsdéngschter vun Diddeleng waren op der Plaz an hu sech ëm déi zwou blesséiert Persoune gekëmmert.