Agroforst am ÉislekFelder géint de Klimawandel schützen an eng nei Produktioun opbauen

Christophe Hochard
Et ass e Projet, dee bis Enn 2027 leeft.
Agroforst am Éislek - E Projet, dee bis Enn 2027 leeft
Felder géint de Klimawandel schützen an nei Produktioun opbauen.

Land- a Forst-Wirtschaft matenee kombinéieren. Op ville Plazen am Land gëtt et esou Agroforst-Projeten. Am Naturpark Our goufen esou bis ewell schonn dausenden Uebstbeem, Heckeplanzen a Pëppele geplanzt. D'Baueren, déi mat op dee Wee ginn, kréien zanter 2023 eng national Primm.

Am Naturpark Our gouf dëse Projet bis ewell op 12 Flächen ëmgesat. Am Total 44 Hektar. Bal 1.000 Wertholz- an Uebstbeem goufe bis ewell geplanzt. 4.500 Heckeplanzen, 19.000 Pëppelen/Weeden an 237 Straicher. 

Zu Tratten an Déierbech ginn et zwee gutt Beispiller ewéi Agroforst funktionéiere kann. Op 4 respektiv bal 14 Hektar Land gouf am Januar 2026 geplanzt. De System ass ganz divers. Et geet engersäits drëm d'Fläch géint de Klimawandel ze schütze respektiv eng nei Produktioun opzebauen. Anerersäits geet et awer och ëm den Naturschutz, méi Diversitéit op der Parzell.

Back to Top
CIM LOGO