
Géint 12.24 Auer war et op der A4 a Richtung Stad eng Kollisioun tëschent zwee Gefierer, woubäi eng Persoun blesséiert gouf. Eng Stonn méi spéit, um 13.10 Auer, gouf op der N16 tëschent Réimech an Elleng eng weider Persoun blesséiert, nodeems si mat hirem Gefier an engem Gruef gelant ass.
Zu Téiteng koum et géint 14.42 Auer an der Rue de la Fontaine zu engem weideren Accident tëschent zwee Autoe mat engem Blesséierten an um CR101 tëschent Héiweng a Garnech ass géint 14.47 Auer e Chauffer an e Bam geknuppt. Och hie gouf dobäi blesséiert.
Op der Route de Luxembourg zu Luerenzweiler huet sech dann och nach géint 16.23 Auer e Vëlosfuerer verletzt, wéi hien eng Chute mat sengem Vëlo hat.