CGDISFënnef Blesséierter no Accident tëscht Éimeschbaach an Aasselbuer

RTL Lëtzebuerg
Géint Hallefnuecht huet et an engem Haus an der Rue Henri Dunant zu Stroossen gebrannt. Heibäi goufen zwou Persoune verwonnt.
© CGDIS

Da gouf et nach eng Rei Accidenter. Géint 20 Auer e Méindeg den Owend sinn an der Zéissenger Strooss zu Zéisseng en Auto an e Motorrad net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf verwonnt.

An der Rue de la Gare zu Bartreng gouf et kuerz 17.30 Auer en Accident mat dräi Gefierer. Zwou Persoune goufe blesséiert.

A ganzer fënnef Blesséierter goufen et géint 17.30 Auer op der Streck tëscht Éimeschbaach an Aasselbuer bei engem Accident mat zwee Gefierer. Ee vun den Autoen huet doropshin ugefaange mat brennen.

Schliisslech war géint 16.45 Auer en Dënschdeg den Owend eng Persoun zu Bouneweg vun engem Auto ugestouss a blesséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO