
Moies ëm kuerz virun 9 Auer waren en eidelen CFL-Persounenzuch an e belsche Gidderzuch, dee vun Diddenuewen komm war, frontal um selwechte Gleis anenee gerannt. De Lëtzebuerger Maschinist sollt net iwwerliewen; et goufe wéi duerch e Wonner awer nëmmen zwee Blesséierter.
Laang goufen et um Dag vum 14. Februar 2017 nëmme wéineg Informatiounen an Detailer fir d’Press. Op enger Pressekonferenz véier Stonnen nom Accident war den deemolegen Transportminister François Bausch déif betraff.
Et sollt sech dunn awer am Laf vum Nomëtteg eraus stellen, datt de Maschinist vum CFL-Persounenzuch déidlech verwonnt gouf. Zum Ament vun der Kollisioun war den CFL-Zuch mat 85 Stonnekilometer ënnerwee.
D’Ursaach fir den Accident ware mënschlecht an technescht Versoen - de Lokféierer hat notamment en Stopp-Zeechen net respektéiert, sou datt den Accident inevitabel war. Zu engem Prozess koum et net - no enger Enquête vun dräi Joer gouf e “Non-lieu” geschwat.