
Dat schreiwen den OGBL, den LCGB an d’CGFP de Méindeg de Moien an engem Communiqué.
Wier d’Plattform u sech begréissenswäert, sou sinn d’Gewerkschaften entsat, datt d’Regierung decidéiert huet, 7 Vertrieder vun den Employeuren an där Plattform ze hunn a just 2 vun der Chambre des salariés. D’national representativ Gewerkschafte wieren net an der Plattform vertrueden. Si denoncéieren en offensichtlechen Desequiliber. Wéi et schéngt, géing d’Regierung d’Interessie vun den Entreprisen a vun deenen, déi d’Kapital hunn, iwwert den Interessi vun honnertdausende Salariéë setzen, sou den OGBL, den LCGB an d’CGFP.