
2021 war nach ëmmer kee gutt Joer fir d’Reesagencen, dat seet de President vun der Federatioun vun de Reesagencë Fernand Heinisch am RTL-Interview.
Et war e Joer mat villen Ups and Downs, sou de Fernand Heinisch. D’Joer hätt katastrophal ugefaangen, vu Mee bis Oktober goung et gutt, ma duerno nees biergof. Am Schnëtt wier de Chiffre d’affaires bei 50 Prozent par Rapport zu 2019:
“Do ginn et awer nach méi schlëmm Situatioune bei verschiddene Spezialisten. Ech mengen eis Kolleegen, déi am Geschäftsreeseberäich täteg sinn, do ass et bei -80% vis-à-vis vun 2019 dem Chiffre d’affaires. Dann hu mer all d’Spezialiste vun de Croisièren oder méi wäit Destinatiounen, do si mer och bei -80, -85%, oder och nach d’Gruppereesen. Also am grousse Ganzen ass et wierklech ganz liicht besser wéi 2020, mee am Fong ass dat da richteg schlëmm nach dat Joer.”
Ob dës Betriber sech nees dovunner erholl kréien, misst een elo kucken.
“Mat deenen Aidë konnt jidderee sech nach iergendwéi iwwer Waasser halen, mee do sinn awer finanziell Perten, déi enorm sinn a wou ee wierklech Jore laang brauch, fir déi nees opzeschaffen. Do sinn och warscheinlech Kolleegen, déi soen, dat huet kee Wäert méi an hale vläicht op, anerer gi vläicht en anere Wee, dat muss een elo kucken, d’Joer 2022 weist do scho méi.”
D’Ulav, d’Federatioun vun de Reesagencë fuerdert dowéinst och vun der Regierung, datt d’Hëllefen nach en halleft Joer solle weider lafen - duerno missten d’Betriber da selwer eens ginn.
“Mir hunn eis Betriber och informéiert, datt se duerno sech mussen nei erfannen oder en anere Business-Plang maachen, mee mir brauchen awer 6 Méint. Ech mengen, mir wëssen elo schonn, datt Januar, Februar, Mäerz sécher schlecht Méint ginn an dann hoffe mer, datt, wann d’Wieder nees besser gëtt, Abrëll, Mee, Juni, datt mer eis nees e bëssen erholl kréien an datt mer duerno d’Pandemie am Grëff hu mat Impfungen a mat Medikamenter, mee mir brauchen awer 6 Méint an dat war och eis Fuerderung un d’Regierung, souwuel de Chômage partiel, wéi och d’Aiden, wéi Fonds de relance oder d’Aides non-couvertes, déi brauche mer nach 6 Méint, fir eng Perspektiv ze hunn.”
Elo iwwert d’Feierdeeg géingen awer och vill Leit reesen, wann et méiglech ass, seet de Fernand Heinisch.
“Deelweis hu mer jo och Reese missen ofsoen, zemools Éisträich an Däitschland, wou dann d’Restriktioune sou streng waren, datt d’Leit keng Loscht hate méi ze reesen oder wéi an Holland elo, wou dann e komplette Lockdown nees kënnt, also do sinn einfach och Reesen ofgesot ginn, déi mer missten ofsoen, mee soss alles, wat an d’Sonn geet, ass awer gutt gebucht.”
De President vun der Federatioun vun de Reesagencë rechent domat, datt d’Leit 2022 nach virun allem an Europa, respektiv op Destinatioune méi no bei Europa reese wäerten. Duerno, 2023, 2024 rechent een da mat engem Boom vun Destinatiounen, déi méi wäit fort sinn.
