
No der Decouverte vun den doudege Fësch hat d’Waasserverwaltung geschriwwen, datt et ugangs keng Indicë fir eng Pollutioun vun der Baach gouf. Bei der Enquête gouf allerdéngs erausfonnt, datt d’Baach duerch Waasser aus dem Escher Kanal verschmotzt gouf.
An engem Communiqué vun e Mëttwoch de Mëtteg deelt d’Waasserverwaltung mat, datt de Problem behuewe wier. Et goufe Pompelen installéiert, fir de Sauerstoff am Waasser eropzekréien. RTL-Informatiounen no waren et 60 Kilo Fësch.