Esch-UelzechtDoudeg Fësch an der Dipbecher Baach fonnt

RTL Lëtzebuerg
An der Dipbecher Baach zu Esch goufen e Méindegmoien eng ganz Partie doudeg Fësch fonnt. Leit vun der Gemeng a vun der Waasserverwaltung waren op der Plaz.
© Administration de la gestion d’eau

D’Kadavere goufen ewech geholl an et goufen Analyse gemaach. Wéinst den héijen Temperature wier den Ament wéineg Sauerstoff am Waasser an dowéinst kéinten d’Fësch gestuerwe sinn, heescht et vun der Waasserverwaltung.

Et gëtt den Ament keng Indicë fir eng Pollutioun.

Jiddereen, dee sou en Incident an enger Baach oder an engem Floss observéiert, soll dem 112 Bescheed ginn.

© Administration de la gestion d’eau

Back to Top
CIM LOGO