95.000€ bei Adem verontreitFeste Prisong fir 2 Matbeschëllegt, Sursis probatoire fir Haaptbeschëllegten

RTL Lëtzebuerg
Dat war d'Fuerderung vum Parquet, en Dënschdeg de Moien, um Stater Geriicht um Enn vum Prozess ëm e Verontreie vu Suen zu Laaschte vun der Adem.
© RTL

Feste Prisong fir déi zwee Matbeschëllegt a Prisong mat Sursis probatoire fir den Haaptugekloten, dat war d'Fuerderung vum Parquet um Enn vum Prozess ëm e Verontreie vu Suen zu Laaschte vun der Adem. Bal 95.000 Euro waren tëscht Februar an Abrëll zejoert ënnerschloe ginn, woubäi nëmmen dem Haaptbeschëllegten "Détournement par fonctionnaire public" virgehäit gouf.

Hien, dee sech ëm d’Ausbezuele vu Chômageindemnitéite bekëmmert huet, hat den informatesche System sou manipuléiert, dass d'Indemnitéiten amplaz un iwwer 50 Chômeuren op säin eegene Kont goungen. Dëse Mann soll, nieft enger Geldstrof, zu 18 Méint Prisong mat Sursis probatoire verurteelt ginn. D'Oplo bestéing am Zréckbezuele vum Schued. Déi zwee aner Männer sollen eemol 9 Méint Prisong an eng Geldstrof kréien an eemol 8 Méint Prisong an eng Geldstrof. D'Urteel gëtt den 19. Mäerz gesprach.

RTL-Artikel: Geriicht: 95.000€ goufen Ufank 2019 bei der Adem verontreit

Back to Top
CIM LOGO