
No éischten Ermëttlungen hat den Täter eng Fënster vum Gefier futtigeschloen, den Auto duerchsicht an e Rucksak geklaut.
Kuerz drop konnt de Verdächtege vun enger Policepatrull ugetraff ginn. Weider Ermëttlunge weisen, datt hien och mat engem zweeten Déifstall aus engem Gefier, dee kuerz virdru geschitt war, a Verbindung steet.
De Verdächtege gouf festgeholl.