
E Samschdeg de Moien hate Polizisten e presuméierten Drogendealer am Stater Garer Quartier ermëttelt. Dëse gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter. D’Beamten hunn ënner anerem Kokain a Cannabis saiséiert.
E Samschdeg am Nomëtteg gouf dann e presuméierten Dealer um Kierchbierg festgeholl. Well de Verdacht bestoung, dass d’Persoun Drogen ofgeschléckt hat, gouf si fir eng Untersuchung an d’Spidol bruecht. Dobäi konnten eng Partie Plombe mat Droge séchergestallt ginn. De Verdächtege gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Sonndeg virun den Untersuchungsriichter.
Géint 15 Auer e Samschdeg de Mëtteg gouf dann eng Persoun vun 2 Onbekannten um Houwald iwwerfall a krit hiren Handy geklaut. Eng Patrull vun der Police konnt kuerz nom Iwwerfall 2 Verdächteger ermëttelen an den Handy bei hinne sécherstellen. Béid Persoune goufen op Uerder vum Parquet festgeholl a koume virun den Untersuchungsriichter.
Weiderhi mellt d’Police dann nach eng Partie Abréch um Freidegowend a Sonndegmoien. Dat zu Weiler-zum-Tuerm an zu Alzéng.