Paulette LenertFFP2-Masken net obligatoresch a Bus a Bunn

RTL Lëtzebuerg
Zu Lëtzebuerg gëtt et bis op Weideres keng Flicht, fir FFP2-Masken am ëffentlechen Transport unzehunn.

An Éisträich ass dës obligatoresch Mesure vun nächster Woch u Flicht.

Hei am Land bleift et weider dobäi, datt eng chirurgesch Mask am Zuch, de Bussen oder Trammen duergeet.

Dat äntwert d'Santésministesch op eng urgent parlamentaresch Fro vum gréngen Deputéierten Carlo Back.

D'Paulette Lenert seet awer och, datt déi chirurgesch Maske solle prioritär am ëffentlechen Transport ugedoe ginn, net also e Buff, eng Mask aus Stoff oder e Schal - well domat absënns an de Wanterméint e bessere Schutz viru Vire garantéiert wier.

Fir ufälleg Leit sinn der Paulette Lenert no FFP2-Masken awer am ëffentlechen Transport indiquéiert.

PDF Parlamentaresch Fro an Äntwert

Back to Top
CIM LOGO