Debat Petitioun n°2061Finanziell Hëllef fir Kannerbetreiung doheem?

RTL Lëtzebuerg
Vun der Rentrée 2022-23 u ginn d’Maison-relaise wärend der Schoulzäit, grad ewéi d’Mëttegiesse gratis. De Jules Clement fuerdert méi Gerechtegkeet.
Debatt iwwert d'Petitioun 2061 - Hëllef fir Kannerbetreiung
Vun der Rentrée 2022-23 u ginn d’Maison-relaise wärend der Schoulzäit, grad ewéi d’Mëttegiesse gratis. De Jules Clement fuerdert méi Gerechtegkeet.

D’Petitioun 2061 hat knapp 4.900 Ënnerschrefte kritt. De Mëtteg war déi ëffentlech Debatt an der Chamber. D’Elteren, d’Meedercher, d’Tatta an d’Groussmammen. Eng Première, datt eng ganz Famill fir eng ëffentlech Debatt an d’Chamber koum. De Familljepapp a Petitionär Jules Clement huet betount, hie géif déi geplangte gratis Kannerbetreiung wärend der Schoulzäit begréissen. Annoncéiert vum Premier a senger Ried zur Lag vun der Natioun am Oktober.

Jules Clement: “Mee wéi kann hei vu Chancëgläicheet Rieds goen, wann déi eng Leit e Service fir näischt kréien an déi aner, déi e wäertvollen deeglechen Asaz doheem zesumme mat hire Kanner, dobäi vergiess ginn!?”

Ustouss fir méi Deelzäit ze schaffen

E Montant an Héicht vun der Depense, déi de Staat fir d’Kannerbetreiung an d’Iessen an der Maison relais ausgëtt, schwieft dem Familljepapp vir.

Mee egal wéi héich d’Bäihëllef och wier, se kéint en Ustouss sinn, fir méi Elteren d’Méiglechkeet ze ginn, fir Deelzäit ze schaffen, huet de Jules Clement betount. Dat wär gutt fir d’Kanner, d’Familljen a logescherweis och fir d’Gesellschaft.

Maison Relais net fir jiddereen

Dovunner ofgesinn, wier a verschiddene Maison-relaise mol keng Plaz méi, fir nach Kanner opzehuelen, huet de Jules Clement ze bedenke ginn. Seng Schwëster Cathy Clement, Infirmière a Mamm, sot si hätt nëmme seele kënne vun der Masion relais profitéieren. Och aner systemrelevant Beruffer, géifen dës Strukturen net vill hëllefen. Si kréichen net dee selwechte Kaddo vum Staat.

Duerch d’Reform vum Congé parental verbrénge vill Eltere scho méi Zäit doheem mat hire Kanner. Huet d’Familljeministesch Corinne Cahen ageworf.

D’Maison-relaise gehéieren zur non-formaler Bildung, sot den Educatiounsminister. Déi soll fir jiddereen zougänglech sinn. Grad ewéi déi ëffentlech Schoul.

Keng Eenegung fir finanziell Ënnerstëtzung

Vill Deputéiert hate sech an d’Diskussioun abruecht. Zu enger Eenegung fir der Fuerderung vum Petitionär Rechnung ze droen, koum et awer net. D’Majoritéit wär dozou net bereet gewiescht, sot d’Presidentin vun der Petitioune-Kommissioun Nancy Arend. An enger Commission jointe wéilt een d’Situatioun awer méi genee analyséieren. De Käschtepunkt, d’Zuel vu potentiell betraffene Familljen. An et wéilt een d’Problematik op de Leescht huele vun Elteren, déi op Schichte schaffen.

Back to Top
CIM LOGO