
Heiheem dauert d’Faaschtenzäit dem liturgesche Kalenner no vun Äschermëttwoch bis d’Enn vun der Karwoch. Dëst Joer also vum 22. Februar bis den 8. Abrëll.
Fir weltwäit 1,8 Milliarde Moslemen huet deenen hir Faaschtenzäit, de Ramadan, an der Nuecht op en Donneschdeg ugefaangen.
De Ramadan bedeit fir gleeweg Mosleme vu Sonnenopgank bis Sonnenënnergank weder z’iessen, nach ze drénken. Et soll een op Fëmmen souwéi op sexuell Aktivitéite verzichten a sech op dat Wesentlecht zeréckbesënnen, op Bescheidenheet an Dankbarkeet.
De Ramadan gehéiert zu de 5 Saile vum islamesche Glawen an ass domadder eng vun de wichtegste Grondlage vun dëser Relioun, nieft dem Glawensbekenntnis, dem Gebiet, Almose ginn an op Mekka pilgeren.
D’Saima Jusufovic vum Centre culturel islamique du Nord iwwert déi historesch Entwécklung vum Ramadan: “Et ass, denken ech, eng Interpretatiounssaach. De Sënn vum Ramadan...et héiert ee ganz oft, dass d’Moslemen näischt iessen an drénken wärend deem Mount. Et ass vill méi wéi dat: Ech nennen dat een intensiven Training. Am Fong maache Mosleme wärend dem Ramadan dat, wat se och soss solle maachen. Just ebe méi intensiv. Selbstdisziplin, Selbstkontroll, Reflexioun an eben och Gemeinschaft.”
D’Faaschtenzäit huet am Islam och eng wichteg sozial Funktioun vum Zesummefannen, Zesummenhalt an Zesummesinn: "...dass een einfach méi sozial ass mateneen, dass een och drun denkt: wéi geet et deenen Aneren, déi net an esou engem Wuelstand liewe wéi mir, déi Chance hunn hei zu Lëtzebuerg?”
Wéi reagéiere elo Net-Moslemen op de Ramadan?
“Ganz positiv, also d’Leit huele scho Récksiicht a soen ‘ech hätt scho Loscht, dat och eng Kéier matzemaachen, u wat muss ech mech halen?’ Ech denken, dass dat schonn näischt Onbekanntes ass hei zu Lëtzebuerg.”
U sech sinn all gesond moslemesch Gleeweg vun der Pubertéit u gehalen, de Ramadan ze respektéieren. Fir Kanner, schwanger Fraen oder Kranker, respektiv schwaach Persoune gëllt d’Faaschtenzäit net. Et ginn och aner Exceptiounen, zum Beispill fir Leit, déi schwéier kierperlech Aarbecht leeschten. Déi mussen d’Faaschtendeeg awer nohuelen.
De Ramadan dauert dëst Joer bis den 21. Abrëll an hält mam sougenannten Zockerfest op, bei deem virun allem Kanner Séissegkeeten a Kaddoe kréien.