
Méi wéi 58.000 Kanner ginn an d'Grondschoul, iwwer 48.000 an de Lycée. Ëm si këmmere sech iwwer 6.300 Léierinnen a Schoulmeeschteren a méi wéi 4.500 Proffen.
Déi Chifferen huet den Educatiounsministère fir d'Rentrée 2020 matgedeelt. En Dënschdeg fänkt d'Schoul jo nees am Fondamental un. Den Dag drop ass den 1. Schouldag fir d'7e-Schüler an en Donneschdeg kënnt de Rescht vum Lycée no.
Am Ganze ginn et iwwer 152.000 Schüler zu Lëtzebuerg, do sinn och d'Erwuessenebildung (28.000) an d'Sproochecoursen um INL, dem Institut national des langues, (17.000) derbäi. Iwwer 16.000 Schüler ginn op eng Privatschoul hei am Land.
Am Fondamental an am Secondaire gi fir dat neit Schouljoer iwwer 10.800 Enseignantë gebraucht, méi wéi 6.300 fir d'Grondschoul. Do dominéiere kloer d'Léierinne mat 80%, d'Schoulmeeschtere maache just 20% aus. Am Lycée ass d'Situatioun méi ausgeglach, och wann hei déi weiblech Proffe mat knapp 52% dominéieren.
Wat d'Plazen an de Betreiungsstrukturen ugeet, do gëtt et ëmmer den aktuellen, agreéierte Chiffer Enn dës Joers. Zejoert goufen et iwwer 58.000 Plazen. Méi wéi 41.000 a konventionéierte Strukturen, also Maisons Relaisen, Foyeren a Crèchen, eng 14.500 an net-konventionéierte Strukturen a knapp 2.500 bei Dageselteren. Am Ganze war et e Plus vun 3,3% bannent engem Joer, just d'Plaze bei den Dageseltere sinn ëm knapp 8% zréckgaangen.
334 konventionéiert Maison Relaisen a Crèche ginn et am Land, 455 kommerzieller a 532 agreéiert Dageselteren.