Knapp 61.000 Schüler si fir dëst Joer am Fondamental ageschriwwen. Si gi betreit vu 6.700 Enseignanten a Chargéen.
Am Lycée geet et d’nächst Woch nees lass: Méindes d’Septièmen an en Dënschdeg dann och déi eeler Schüler. 52.500 Jonker si fir dëst Schouljoer am Secondaire ageschriwwen. Knapp 5.500 Proffe këmmere sech ëm se.
RTL war e Freideg de Moien am Fondamental zu Schëffleng an zu Miersch an huet d’Stëmmung op der Plaz agefaangen.