
D’Spidol zu Esch ass aus dem Joer 1930, d’Originne vum CHEM ginn esouguer op d’Joer 1884 zréck, wéi nieft dem Arbed-Wierk zu Diddeleng déi éischt Infirmerie opgaangen ass. D’Iddi vum Südspidol gouf no enger Etüd aus dem Joer 2010 gebuer. An engem Reportage aus dem Joer 2015 gouf nach gesot, d’Südspidol géif den 22. Juni 2022 seng Dieren opmaachen.
Och déi Joren duerno gouf den Datum vun der Ouverture ëmmer nees no hanne geréckelt. Am Summer 2021 huet een de Kontrakt mam Architektebüro gekënnegt.
“Ech sinn elo vill méi berouegt wéi nach virun engem Joer, dass dat elo virugeet beim Südspidol”, esou den Dr. Metz am RTL-Interview. Den Dialogue competitive wier een am Gaang op en Enn ze bréngen an och d’Modalitéite vum Iwwergang géife gekläert ginn.
Den Escher Buergermeeschter a President vum Verwaltungsrot vum CHEM Georges Mischo sot RTL géintiwwer, dass den éischte Patient 2031 soll kënnen am neie Südspidol behandelt ginn. E geneeën Datum wollt hien net nennen, d’Südspidol wier allerdéngs en Atout fir déi ganz Regioun.

Bei den Terrassementsaarbechte wier ee gutt virukomm.
D’Konzept vum Südspidol ass iwwert d’Joren dat nämmlecht bliwwen.
Den Dr. René Metz: “D’Konzept vum Südspidol ass eng Zentralisatioun vun deene méi komplexen a komplizéierte Pathologien, fir der Populatioun am Süde kënnen eng héich qualitativ Medezin kënnen unzebidden.”
Déi aktuell Spideeler vum CHEM mussen nach zum Deel moderniséiert ginn. Den Direkter Dr. René Metz sot am Interview, dass ënnert anerem d’Psychiatrie géif moderniséiert ginn.
Zu Nidderkuer géif d’Spidol een neien Daach kréien, gekoppelt mat enger Photovoltaik-Anlag.