RTL-InformatiounenChem-Verwaltungsrot trennt sech vun Architektebüro

Roy Grotz
Dës Trennung ass eise Sourcen no mat enger substantieller Perte vu Sue verbonnen, déi ewell als Honorairë bezuelt gi sinn.

De Projet Südspidol kéint nach emol e stramme Retard kréien:

RTL-Informatiounen no hu sech d’Bauhären, also de Chem Verwaltungsrot, vum Architektebüro getrennt, deen de Spidolsbau geplangt hat. Dëst war de Büro Albert Wimmer vu Wien, deen 2015 den Architekteconcours gewonnen hat an 2018 duerch e Bauskandal an der éisträichescher Press war.

D’Südspidol stellt d’Fusioun vun den 3 Chem-Sitten Esch, Diddeleng an Nidderkuer duer.

De President vum Chem-Verwaltungsrot, den Escher Deputé-maire Georges Mischo, wollt dës Nouvelle eis géintiwwer net confirméieren a verweist op e Freideg. Och aner Verwaltungsrotsmemberen, déi vun eis kontaktéiert goufen, verweisen op e Freideg.

E Freideg kréien d’Deputéiert aus der Santés-Chamberkommissioun Informatiounen driwwer, wéi de Chantier um Rond-point Raemerich um Site Elsebrich soll weidergoen, respektiv och, wéi sech aus dem Kontrakt mam Architektebüro Albert Wimmer geléist gëtt.

Eise Sourcen no ass d’Trennung vun den éisträicheschen Architekten natierlech och mat enger substantieller Perte vu Sue verbonnen, déi ewell als Honorairë bezuelt gi sinn. Dës Zomm dierft e Freideg vun de Chem-Responsabele chiffréiert ginn. Eisen Informatiounen no geet et dobäi ëm ronn 30 Milliounen Euro.

D’Südspidol mat sengen 3 Gebailechkeeten ass ënnert anerem mat enge 590 Better, 3 IRMen a 16 OP-Säll geplangt. Mëtt 2026 sollt d’Ouverture sinn, mä op deen Datum, deen ewell e puer Mol no hanne geréckelt gouf, lo nach ze halen ass, steet natierlech an de Stären.

De Staat bedeelegt sech mat ronn 434 Milliounen Euro um Spidols-Neibau, deen eng 541 Milliounen Euro soll kaschten. D’Finanzéierungsgesetz war am Juli 2018 gestëmmt ginn.

De Motto vum Südspidol ass: D’Spidol vu Muer. Vun de Leit fir d’Leit.

Back to Top
CIM LOGO