
D'Flüchtlingen zu Calais a Bosnien, Serbien a Griicheland brauche fir déi kal Wanterméint waarm Kleeder an Equipement, fir dass och si déi äiseg Temperaturen iwwerstoe kënnen.
Speziell gebraucht gi Wanter-Strëmp, Pulloveren, Sweatshirten, Wanderschong, Turnschlappen, Zelter, Schlofsäck, Rucksäck, Handyen a Power Banks.
D'Collecte geet nach bis Enn dës Mounts.
Fraen- a Kannerkleeder ginn den Ament net gebraucht.