Ma dee Chiffer wäert sécher nach klammen. Dat sot den Educatiounsminister Claude Meisch am RTL-Interview. Wéi soll a kann deene Kanner hir Scolarisatioun hei am Land ausgesinn? An op wéi eng Sprooch soll dat geschéien?
Wichteg wier et virop emol, datt déi Kanner a Jugendlech, déi an de leschten Deeg zu Lëtzebuerg ukomm sinn, emol Zäit kréien, Kand ze sinn an dat, wat se erlieft hunn ze verschaffen, betount de Claude Meisch. D’Situatioun wier schwiereg anzeschätzen, ma et géif een op allen Niveaue Capacitéiten an de Classes d’accueil schafen. D’Situatioun vun de Kanner wier awer och ganz ënnerschiddlech:
“An der Reegel ass et sou, datt en anert Alphabet an eng aner Schrëft an der Ukrain geschriwwe gëtt. Verschiddener kënnen och Englesch, souguer zum Deel ganz gutt, wat awer no Alter changéiert an och, aus wéi enger Géigend se kommen. An deementspriechend flexibel musse mer mat eisen Offere sinn.”
Souwuel d’Grondschoulen, wéi d’Lycéeë wieren viséiert, mee virun allem och déi international ëffentlech Schoulen:
“Well déi och e Programm kënne maachen, dee méi op Englesch baséiert ass. Mir sinn awer och a Kontakt mat de Leit, déi aus der Ukrain komm sinn oder deenen, déi schonn hei gewunnt hunn, wien Erfarung huet, fir datt mer och der ukrainescher Sprooch eng Plaz kënne ginn a fir datt déi Kanner, déi keng vun eise Sprooche kënnen net komplett verluer sinn an eisem System.”
Et wier wichteg, datt d’Kanner elo mol eng Iwwergangszäit hätten, sech lues kéinten akklimatiséieren, ier se dann an den nächsten Woche scolariséiert ginn. Un d’Léierpersonal huet den Educatiounsminister eng Partie Recommandatiounen:
“Am Ufank sech Zäit huelen, mat de Kanner schwätzen an d’Kanner schwätzen ze loossen, fir datt dat sech iergendwéi ka setzen an, datt mer eng gutt Basis hunn, fir schoulesch kënnen ze schaffen.”
An den nächsten Deeg soll donieft och méi breet iwwert déi verschidden Offere kommunizéiert ginn, fir datt och d’Familljen, déi Leit aus der Ukrain bei sech doheem opgeholl hunn, déi néideg Informatiounen a Punkto Scolarisatioun vun den ukrainesche Kanner kréien.