
Mat der Iwwerschrëft "Le monde à l'envers !!" geet de Pressecommuniqué vum RTPH un. Et hätt een d'Aussoe vum Minister Dan Kersch an der RTL-Emissioun Background am Gespréich an Uecht geholl a géif feststellen, dass de Minister weiderhin eng falsch Versioun vun den Tatsaache géif verbreeden.
Den LSAP-Aarbechtsminister hat an der Emissioun annoncéiert, datt hien den Dossier ëm de Formatiounszenter RTPH un de Parquet weiderleede wäert. Den Dan Kersch sot nämlech, datt déi Responsabel vum RTPH eng nei Konventioun, sou wéi den Aarbechtsministère se proposéiert hat, ofgeännert zeréckgeschéckt hätt. "Hei soll iwwerpréift ginn, ob een net bewosst versicht hätt, de Partner ze täuschen."
Déi Accusatioune wieren absolut inakzeptabel, et wiere Beleidegungen a Calomnien, sou den RTPH.