Hausse vum Punktewäert vun 2,5 ProzentFir d’Patronat nach ze vill, fir den OGBL positiv

Diana Hoffmann
Mariette Zenners
De Gehälteraccord tëscht der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP an der Regierung ass ënnerschriwwen. Wéi kucken d’Patronen op dësen Accord? A wéi den OGBL?
Hausse vum Punktewäert vun 2,5 Prozent: Fir Patronat ze vill, fir OGBL positiv
De Gehälteraccord tëscht der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP an der Regierung ass ënnerschriwwen. Wéi kucken d’Patronen op dësen Accord? A wéi den OGBL?

Dësen Accord gesäit ënner anerem eng Augmentatioun vum Punktewäert vun 2,5 Prozent iwwer 2 Joer vir. Dëst Joer ëm 2 Prozent an d’nächst dann ëm 0,5.

“Soe mer emol esou, d’Héicht vum Ofschloss, déi schéngt jo méi no bei deem ze sinn, wat och üblech ass am Privé”, sot den Direkter vun der Fédération des Artisans, de Romain Schmit. Eng Augmentatioun vun zwee Mol 4,1 Prozent, wéi am Virfeld gefaart gi war, bleift jo aus. Trotzdeem wieren d’Salairë beim Staat par Rapport zum Privatsecteur ëmmer nach considerabel. Et kéint een net mathalen.

De President vun der Union des Entreprises, de Michel Reckinger, mengt dozou och nach, et wiere jo net just déi 2,5 Prozent, mee all déi weider Avantagen, déi een als Staatssalarié krit, déi et am Privaten net gëtt. De Gruef tëscht béide géing ëmmer méi grouss ginn. An och d’Wirtschaft géing den Ament net gutt dréinen.

Ännerungen am ëffentleche Secteur géingen dacks och Ännerungen am Private mat sech zéien, mengt de Frédéric Krier vum OGBL. Dofir begréisst hien eng Punktewäererhéijung. “Well mer och an der Vergaangenheet gesinn hunn, wann et éischter Verschlechterungen an der Fonction publique goufen, dass de Privatsecteur nogezunn ass an och an de Kollektivverträg Drock gemaach huet, fir Saachen ze verschlechteren”, mengt de Frédéric Krier vum OGBL. Dat wier zum Beispill bei den Ufanksgehälter de Fall gewiescht. Dofir fënnt den OGBL de Gehälteraccord éischter positiv. Schliisslech géinge jo immens vill Secteuren, wéi de ganze Gesondheetssecteur, de Sozialsecteur, d’Eisebunn, d’Gemengen an déi ganz aner ëffentlech Betriber sech dorunner orientéieren.

Patrone stellen d’Fro vun der Produktivitéit beim Staat

Déi zwee Patrone kucken dogéint mat den Ae vun Entrepreneuren op de Staat a stellen d’Fro vun der Produktivitéit. “Wou ass de moderne Staat?”, freet de Michel Reckinger. Hien freet nom Service beim Staat, no de versprachene vereinfachten a méi séiere Prozedure fir d’Entreprisen an d’Leit. No engem moderne Management mat Evaluatiounen. Alles dat géing et beim Staat net ginn. “Et ass d’Aktivitéit vum Privatsecteur, déi d’Steieropkommes generéiert, mat deem elo d’Staatsbeamte solle bezuelt ginn”, stellt de Romain Schmit fest. Hien hätt jo näischt dogéint, dass d’Leit sollen eppes bäikréien, mee et sollt een emol driwwer nodenken, ob et néideg wier, dass beim Staat den Niveau vum Salaire misst deen héchste sinn an de Privé misst nozéien.

Suerge géing och maachen, dass de Staat, d’Gemengen an all déi aner konventionéiert Secteure géinge wéi Champignonen aus dem Buedem wuessen. Zum Beispill géingen d’Gemengen ëmmer méi Servicer ubidden a méi Leit an de Privé siche kommen, wat eng deloyal Konkurrenz iwwert d’Léin wier. “Dat, wat d’Leit haut beim Staat verdéngen, do kann de Privé net mathalen”, seet de Michel Reckinger. Et wier esou lukrativ beim Staat, do kéint keen engem béis sinn, wann een dohinner geet. Dat heescht am Privé misst ee kucken, dass d’Leit bleiwen, well se hier Aarbecht gär maachen.

Keng sozial Punktwäerterhéijung vun den niddrege Paien

Bei engem Punkt si sech dann de Michel Reckinger an d’Gewerkschaft eens. Also net mat där vun de Staatsbeamten, der CGFP, mee mat dem Onofhängege Gewerkschaftsbond OGBL. Nämlech, dass Mesurë misste sozial gestaffelt sinn. “Dat war fir eng CGFP nach ni en Theema. Déi Déck solle méi kréie wéi déi Kleng”, kommentéiert de Michel Reckinger. Beim OGBL hätt een den Usaz am Accord vun 2023 eng interessant Iddi fonnt, seet de Frédéric Krier. Déi niddreg Karriäre kruten do iwwerproportional bäi. Dofir hat een eng Fuerderung vun enger Erhéijung vu 5 Prozent um Punktwäert op den éischten 200 Punkte gefrot.

Am Accord fënnt den OGBL awer och eng Partie positiv Punkten. Zum Beispill d’Ofschafe vum Coefficient correcteur bei den Iwwerstonnen am Enseignement an d’Mesurë fir d’Employéen. Et hätt een awer en eenheetleche Punktwäert fir de ganzen ëffentleche Secteur gefuerdert.

Méi Gedanke misst d’Regierung sech awer och ëm Aarbechtsbedingunge fir d’Frontaliere maachen. “Am Privatsecteur, wou déi meescht Frontaliere schaffen, muss natierlech och gekuckt ginn, dass de Loun an d’Aarbechtsbedingunge favorabel sinn”, mengt dozou de Frédéric Krier.

De chrëschtleche Gewerkschaftsbond LCGB wëll den Accord salarial an der Fonction publique iwwerdeems net kommentéieren.

Back to Top
CIM LOGO