
D’CSSF warnt virun der Finanzentitéit “Capstone Holdings LTD”, déi op hirem Internetsite behaapt, Servicer am Investmentberäich unzebidden.
D’Kontrollinstanz vum nationale Finanzsecteur kennt esou eng Firma awer net, a se hätt op alle Fall och keen Agreement, fir esou Tätegkeeten hei am Land nozegoen.