
Dat jiddefalls géif ee Video noleeën, an deem de fréiere russesche President Dmitri Medwedew an e Manager vun der IT-Firma G-Core genee doriwwer de Geck maachen. D’Journaliste vum Online-Magazin “Reporter” sinn der Fro nogaangen, nodeems si de Video zougespillt kruten.
D’Firma G-Core, mat Sëtz zu Conter, ass effektiv an der Plattform eConsult involvéiert, déi Teleconsultatioune mam Dokter erméiglecht. Dat confirméiert d’Agence eSanté Reporter géintiwwer. Allerdéngs als Sous-traitant vu Wagner ICT - der Lëtzebuerger Firma, déi den eigentlechen Optrag huet. eSanté wär awer eréischt 2021 vun der Mataarbecht vu G-Core gewuer ginn.
De Reporter Recherchen no stinn zwee Männer aus Wäissrussland mat zyprioteschem Pass hannert der Firma G-Core. Dës wier am Kader vun engem russesche Start-up Programm vun der Fondatioun “Skolkovo” ënnerstëtzt ginn. D‘Fondatioun “Skolkovo” ass mëttlerweil op der Sanktiounslëscht vun den USA, well se Russland ënner anerem hëllefe géif, d‘Waffenindustrie auszebauen.
D’Agence eSanté sot Reporter géintiwwer, si hätt sech 2021 scho vu Wagner ICT verséchere gelooss, datt G-Core keen Zougrëff op Patientendaten hätt. D’Sécherheetsstandarde wieren zanterhier nach emol an d’Luucht gesat ginn.
Awer och de Service Media et Communications am Staatsministère wier alertéiert. Auslännesche Medien no, géif d’Firma G-Core dem Sender Russia Today et erméiglechen, iwwer eng däitsch Duechterfirma säi Contenu weider online ze diffuséieren an deemno EU-Sanktiounen z’ëmgoen.
G-Core dementéiert d’Reprochen a betount, sech zejoert ganz aus Russland zréckgezunn ze hunn. Am Staatsministère géif een d’Informatiounen ganz eescht huelen an iwwerpréiwen. Déi besoten Presseartikelen hätt een un de Parquet weidergeleet.