
Wéi d'Entreprise der däitscher Noriichtenagence DPA erkläert huet, géif de Betrib de Moment op Héichtoure lafen, wéinst der grousser Demande wéinst dem Coronavirus. Am Joer géif een 200 Milliounen där Kostümer produzéieren, elo dierft déi Zuel massiv an d'Luucht goen. D'Schutzkostümer, déi just eemol gedroe ginn, ginn net nëmme vum medezinesche Personal gefrot, mä och vun der Police oder Douane. D'Material vum Overall ass aus engem speziale Material, dat Tyvek heescht, dat ënnert anerem ootmungsaktiv ass.
