KonsumenteschutzFirwat schleeft d'Gesetz vun de Sammelkloen?

RTL Lëtzebuerg
Déi Fro stellt de Konsumenteschutz a weist mam Fanger op de Staatsrot.

Virun annerhallwem Joer wier de Projet de loi eragereecht ginn, mat deem déi entspriechend europäesch Direktiv zu de Sammelkloe soll ëmgesat ginn.

Ma d’Prise de position vum Conseil d’Etat géing op sech waarde loossen. Déi héich Kierperschaft géing wuel aner Projete virzéien.

D’Unioun vun de Konsumente schreift an deem Kontext elo en oppene Bréif un déi zoustänneg Verbraucherschutz-Ministesch Paulette Lenert.

Back to Top
CIM LOGO