Ze streng OplagenFitnesszenteren dierfen opmaachen, verschiddener loossen hir Dieren awer zou

RTL Lëtzebuerg
10 Persounen, Personal inclus, dierfen aktuell an e Fitnessstudio eran, egal wéi grouss d'Fläch vum Zenter ass. Dat si villen Zenteren ze streng Mesuren.

Dowéinst hunn CK Fitness, Pain World, Vitaly-Fit, Just move a Factory 4 decidéiert, datt si hir Diere bis op d'mannst de 15. Januar wäerten zouloossen.

Factory 4 deelt iwwer Facebook mat, datt ee mat där Zuel just dat eegent Personal dierf eraloossen a vun CK Fitness heescht et, datt ee mat esou Mesuren emol net 3 Prozent vun de Membere kéint trainéiere loossen.

Déi fënnef Zentere schreiwen an de soziale Medien, datt ee sech weider wëll fir hir Memberen asetzen an hinnen eng zefriddestellend Solutioun wëll ubidden, fir och mat Mesuren hir Cliente kënnen z'empfänken.

Back to Top
CIM LOGO