Zanter méi wéi 25 Joer setzt d'Fondation Cancer sech fir d’Lutte géint de Kriibs an. Mam Relais pour la vie ginn all Joer Done fir d'Recherche gesammelt. Als Mediepartner vum Relais pour la vie huet RTL och als Ekipp matgemaach.
Normalerweis ass de Relais pour la vie ëmmer an der Coque. Duerch Pandemie gouf dëst Joer eng digital Versioun vun dësem solidareschen Evenement an d'Weeër geleet.
Et hu sech sou vill Ekippen ugemellt wéi nach ni virdrun. De ganze Weekend iwwer si si sportlech aktiv ginn, fir de Kriibspatiente Courage ze maachen. Do donieft hunn si mat Donen d'Recherche fir d'Lutte géint de Kriibs ënnerstëtzt. Mir weisen Iech, wéi di digital Editioun vum Relais pour la Vie 2021 ausgesinn huet.
Wann Dir och wëllt Courage an Hoffnung schenken, kënnt Dir de Relais pour la vie mat engem Don un eng oder méi Ekippen ënnerstëtzen.
E Samschden an e Sonnde vu 16:00 bis 17:00 Auer konnt Dir de Livestream bei eis um Site an um Site vum Relais pour la vie kucken. Jiddereen, dee beim Relais pour la vie matgemaach huet, war invitéiert, fir sech am Chat op www.relaispourlavie.lu unzemellen a säi Message, Foto oder Video ze deelen. Äre Bäitrag gouf du wärend dem Livestream gewisen.
Verschidden Ekippe woren de Weekend um Start fir de Relais pour la vie, dorënner d‘Elco-Ekipp, d’Ekipp “Eechternoacher Kannerstuff”, d‘Ekipp “Les Pattes à Trac” (vu Singapour, Holland, Frankräich a Lëtzebuerg aus) a ganz vill privat Leit.