De Bankomat ass aus senger Verankerung gerappt ginn an och opgaangen.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Wéi d'Police elo um Méindeg de Mëtteg matdeelt, gouf den Auto, deen d'Brigange benotzt hunn, e Sonndeg de Moie schonn an engem Feld zu Waardeng an der Belsch, laanscht d'N84 bei Baaschtnech erëmfonnt.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Eventuell Zeien, déi den hellgroe Fiat Doblo mat belsche Placken an der Géigend vu Wëntger oder tëscht Wëntger a Wardin gesinn hunn, dat tëscht e Freideg den Owend an e Samschdeg, solle sech w.e.g. bei der Police um 113 mellen.
VIDEO: Bankomat Wëntger
E Samschdeg ass kuerz no Hallefnuecht zu Wëntger e Bankomat an engem Ubau vum Centre médical gesprengt ginn.
FOTOGALERIE: Andréck vun der Plaz vum Olidom Multimedia