Méi kloer Reegelen am GemengesecteurFormatioune solle Gemengeresponsabel nach méi iwwer Interessekonflikter opklären

RTL Lëtzebuerg
D'Affär Traversini hätt gewisen, datt et kloer an transparent Reegelen am Gemengesecteur bräicht. Dofir géif een och Formatioune fir d'Gemengeresponsabel an Zesummenaarbecht mam Gemengesyndikat Syvicol consideréieren.
© Chambre des Députés via Flickr

Dat äntwert den CSV-Inneminister Léon Gloden op eng Fro vum LSAP-Deputé-Maire Dan Biancalana an enger Froestonn an der Chamber en Dënschdeg de Mëtten. Dat neit Deontologie-Gesetz, wat um Instanzewee ass, wier ee wichtege Schratt an dës Richtung, ma et géif ee mat Circulairen a Formatiounen an Zukunft versichen, nach méi iwwer potenziell Interessekonflikter, besonnesch a PAP- a PAG-Prozeduren, opzeklären.

Back to Top
CIM LOGO