"Congé pour raisons familiales"Formulaire fir supplementär Deeg elo online

RTL Lëtzebuerg
Datt vun e Méindeg un d'Schoule bis den 29. Mäerz hir Dieren zou hunn, huet den Educatiounsminister als e graven Aschnëtt an de Schoulrhythmus bezeechent.
Déi ganz Pressekonferenz vum Claude Meisch
E Freideg hat den Educatiounsminister op eng Pressekonferenz invitéiert.

Betraff sinn net just d'Schüler a Studenten, mä et ass och e graven Aschnëtt fir eng 20.000 Leit, déi an dëse Secteure schaffen.

Concernéiert vun den ofgesote Coursë sinn all d'Lycéeën, och privater, d'Uni, d'Formation des Adultes, d'Coursen um IFEN an de Museksunterrecht, fir just dës ze nennen. Betraff sinn awer och Veräinsaktivitéite fir Kanner a Jonker, wéi d'Scouten oder och Sportsclibb, grad ewéi Jugendhaiser oder och d'Strukture vun Dageselteren.

Déi nächst zwou Woche sollten awer net als "Vakanz" ugesi ginn, mä d'betraffen 150.000 Kanner a Jonker sollten d'Zäit notzen, fir Doheem ze léieren an duerfir sollten och d'Schoulbicher mat Heem geholl ginn, fir datt dës Zäit net onnëtz ass.

Vill Dokumentatiounen iwwert den Unterrecht Doheem sinn och um Site schouldoheem2020.men.lu ze fannen. Et gëllt och eng Hotline fir Elteren an Enseignanten, den 8002-9090, fir hei Froen iwwert eng individuell schoulesch Begleedung ze beäntwerten.

Virum 29. Mäerz gëtt d'Situatioun ëm d'Verbreede vum Virus nei evaluéiert an eng Decisioun geholl, wéi et bis d'Ouschtervakanz dann an de Schoule weidergeet.

All d'Epreuven a Prüfungen, déi déi nächst zwou Wochen ugesat waren, gi verluecht, sou datt sech och den Ofschloss am zweeten Trimester verréckelt, dat inklusiv d'Evaluatiounen. Och d'Epreuves standardisées sinn op Enn Mäerz, respektiv op d'Woch no der Vakanz reportéiert.

Suerge mécht dem Minister Meisch de Premièresexamen, deen an 2 Méint ass. Ënner anerem op europäeschem Niveau soll dës spezifesch Problematik diskutéiert ginn, notamment d' Aschreiwungsdelaie fir d'Unien, déi méiglecherweis kéinten no hanne geluecht ginn.

D'Ambitioun géif awer bleiwen, de ganze Schoulprogramm bis de 15. Juli evakuéiert ze kréien.

Congé pour raisons familiales

"Congé pour raisons familiales" / Reportage Fränz Aulner

D'Fro vun Elteren, ob Si sollen Doheem bei hire Kanner bleiwen, huet de Minister mat engem Appell u d'responsabelt Handele verbonnen. Et misst an de Quartieren, an der Famill an tëscht Noperen a Frënn zesummen a solidaresch iwwerluecht ginn, wien da sollt am beschte bei de Kanner bleiwen a wien onbedéngt op senger Schaff gebraucht gëtt.

D'Formulairë fir déi supplementär Deeg fir de "Congé pour raisons familiales" unzefroen, sinn zanter e Freideg den Owend online um Site vun der CNS ze fannen.

PDF: Certificat de congé pour raisons familiales dans le cadre de la limitation de la propagation d’une épidémie

Back to Top
CIM LOGO