
Den éischte Pouvoir am Land spillt no neie Reegelen, déi éischter nach sollen ausgebaut ginn an e muss sech op Cyberattacken an aner Menacë virbereeden.
D‘Moderniséierung vum Chambersreglement huet scho Friichte gedroen: Et ware just zwou ëffentlech Plénièreséancë méi ewéi d‘Joer virdrun, ma et goufe 40 Gesetzprojete méi adoptéiert. Am Ganzen 155. De Chamberpresident Claude Wiseler:
"Dat heescht, mir konnten an der selwechter Zuel vu Séances publiques méi Projete stëmmen. Dat och well d'Riedezäite weesentlech méi kuerz gi sinn, wéi dat virdrun de Fall war.“
An et gouf deels och scho moies debattéiert, dat heescht déi laang Debaten, déi sech bis an de spéiden Owend era gezunn hunn, ginn et net méi. D‘Presidente vun de Fraktioune mussen nach en Debriefing zum neie Reglement maachen, mä de Chamberpresident gräift vir: Hien zitt e positive Bilan a stellt weider Schrëtt an Aussiicht, fir d‘Chamber méi dynamesch an transparent ze maachen. Woubäi, déi live diffuséiert Chamberkommissiounen mëttelméisseg Succès hunn:
"Et ass elo net, dass mir RTL-Tëlee Konkurrenz hei maachen am Livestream. Mir hunn tëschent 5 an 100 Connexiounen, wa mer eng Kommissiounssëtzung hunn. Dat sinn der net enorm vill.“
Mä am Replay gi se méi dacks gekuckt. Virop d‘Sëtzunge vun der Educatiounskommissioun ginn nogekuckt. An der Moyenne 484 mol. Am Ganze goufen déi ëffentlech Kommissioune 77.000 mol am Replay gestreamt.
D‘Digitaliséierung bréngt och Gefore mat sech. Eleng 2026 war d‘Chamber 9 mol vun DDOS-Attacke viséiert, hir Internet-Kapazitéite goufen zolidd iwwerlaascht an doduerch lues. Am Abrëll gouf et méi e seriöen Incident, do war an en informatesche Reseau agedronge ginn.
"Dat ass schonn e groussen Opwand, fir d'Chamber hei sécher ze gestalten. Ganz sécher ass een ni. Mee ech wëll soen, dass eis Administratioun do ganz vill Aarbecht dra stécht a wierklech dat bescht mécht, wat si ka maachen a bis elo hu mir och gréisser Pannen oder Fuitte konnten evitéieren.“
Eng demokratesch Institutioun wéi e Parlament huet eben och Feinden. Do ass et d‘Fro: Wéi resistent ass eis Staatsform, wann zum Beispill Autokraten un d‘Rudder kéimen?
"Déi Checks and Balances, déi eng Regierung, e Justizsystem, eng Chamber tëschteneen hunn, wann ee géing eppes Falsches maachen: Wéi kommen d'Reaktioune vun anere Pouvoiren?“
D‘Chamber hat 2025 decidéiert, e Stress-Test bei hirer wëssenschaftlecher Cellule an Optrag ze ginn. Zanterhier goufe Resultater verëffentlecht.
"Wéi kéint eng Regierung, déi wéilt eng Oppositioun ënnerdrécken, wéi kéint dat geschéien a wat ka gemaach ginn?“
D‘selwecht eng Analys, ewéi een zu Lëtzebuerg der Press e Maulkuerf kéint undoen. Dat alles kléngt e bëssen, ewéi wann ee potenziellen Autokraten do eng Gebrauchsuweisung gratis an de Grapp géif ginn.
"Ech weess, dat war och eng Diskussioun, déi mir haten, mee d'Conclusioun vun der Diskussioun war, dass een, deen dat wëllt maachen, dat souwisou selwer weess. Dat heescht, deene maache mir kee Playbook, well déi hiert eegent Playbook an eege Blueprinten hunn, déi se och an anere Länner kënnen ofkucken.“
A weider seet de Chamberpresident:
"Ech hoffen, dass d'Resultat ass, dass mir kënnen eis Demokratie, déi gutt fonctionéiert, och kënnen nach besser ofsécheren, falls Saache géife kommen. An da soen ech hannendrun: Ech gesinn dat awer lo net zu Lëtzebuerg.“
Nach net. Virsiichteg bleiwen ass d‘Devise.
Iwwer 160.000 Lëtzebuerger wunnen am Ausland. Ronn 30 Prozent vun de Lëtzebuerger. D‘Fro, stellt sech, wéi si am beschten u Chamberwalen deelhuele kënnen. Dem CSV-Fraktiounschef Laurent Zeimet no hätt ee sech an der Institutiounekommissioun drop gëeenegt, der Regierung virzeschloen de Lëtzebuerger am Ausland an enger Testphas den elektresche Vott z‘erlaben.
De 17. Oktober spären d‘Chamber an de groussherzogleche Palais iwwregens hir Diere fir de Public op. Dat vu 10 zéng bis owes 17 Auer. Den Entrée ass gratis an et muss ee sech och net umellen.