Eng Rei Accidenter uechter d'LandFoussgänger vu Bus zu Hollerech ugestouss

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt eng ganz Partie Accidenter vun en Donneschdeg op e Freideg, bei deenen am Ganze fënnef Persoune blesséiert goufen.
© Laurent Weber / RTL

Géint 18 Auer waren d’Ambulanciere vu Rammerech an d’Pompjeeë vun Alebesch op Eschduerf geruff ginn, nodeems hei e Motocyclist mat sengem Gefier gefall ass an dobäi blesséiert gouf.

Zu Ierpeldeng-Sauer koum et kuerz virun 20.30 Auer zu enger Kollisioun tëscht 2 Autoen, bei där och 2 Persoune blesséiert goufen. D’Rettungsdéngschter vun Ierpeldeng an aus der Nordstad waren um Asaz.

D'112-Ekippen aus der Stad hunn da misse ronn eng Stonn méi spéit op en Asaz zu Hollerech. Hei gouf e Foussgänger vun engem Bus ugestouss a blesséiert.

Zu Péiteng koume kuerz no 23 Auer zwee Autoen net laanschteneen. Et gouf awer keng Persoun beim Accident blesséiert. D’Ambulanciere vum SaDiff an d’Pompjeeë vu Péiteng waren op der Plaz.

E weideren Asaz fir d’Rettungsekippe vum SaDiff gouf et géint 00.50 Auer, wéi zu Zolwer e Automobilist accidentéiert ass an dobäi blesséiert gouf.

Weider Accidenter um Freideg de Moien

Kuerz no 7 Auer sinn zu Dikrech op der Esplanad e Camion an en Auto anenee gerannt. D’Rettungsdéngschter aus der Nordstad a vun Angelduerf waren op der Plaz an hu sech ëm déi blesséiert Persoun gekëmmert.

Um Houwald an der Diddenuewener Strooss gouf kuerz no 9 Auer eng weider Persoun vun engem Bus ugestouss a blesséiert. Op der Plaz waren d’AirRescue, d’Ambulanciere vun Diddeleng an d’Pompjeeën aus der Stad.

Um 11.20 Auer gouf dann e Foussgänger blesséiert, wéi en an der Rue Grande-Duchesse Charlotte zu Miersch vun engem Auto ugestouss gouf. D’Ambulanz vu Lëntgen an d’Pompjeeë vu Miersch waren an den Asaz geruff ginn.

Back to Top
CIM LOGO