
Wéi de CGDIS schreift, goufen zwou Persoune verwonnt.
Am Asaz war nieft dem Rettungshelikopter och den Ettelbrécker SAMU, Ambulanze vun Ëlwen a Clierf, grad ewéi Pompjeeë vun Ëlwen a Clierf.
Kuerz no 13.30 Auer gouf zu Mamer op der Areler Strooss en Persoun op hirem e-Scooter ugestouss. D’Rettungsservicer vu Mamer waren op der Plaz, fir sech ëm eng blesséiert Persoun ze këmmeren.