GréiwemaacherFoussgängerin um Zeebrasträifen ugestouss an uerg blesséiert ginn

RTL Lëtzebuerg
E schwéieren Accident mat enger liewensgeféierlech blesséierter Persoun gouf et e Méindeg am fréien Owend zu Gréiwemaacher.

Ënnert der Grenzbréck gouf eng Foussgängerin um Zeebrasträifen ugestouss an dobäi liewensgeféierlech verwonnt. D'Fra koum an d'Spidol.

D'Strooss hat misste fir den Trafic gespaart ginn. De Miess- an Erkennungsdéngscht war op der Plaz.

En Dënschdeg um 16.23 Auer huet de CGDIS e weideren Accident gemellt. An der Rue de Colmar-Berg zu Mäerzeg krut en Automobilist e Bam ze paken. Eng Persoun gouf verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO