ZeienopruffFoussgängerin war e Freideg an der Areler Strooss ugestouss ginn

RTL Lëtzebuerg
Police lancéiert en Zeienopruff wéinst engem Accident e Freideg den Owend um 19 Auer an der Areler Strooss zu Bartreng op der Héicht vun enger Autosgarage.

Eng Foussgängerin war do vun engem Auto ugestouss ginn an huet misse fir eng Behandlung an d'Spidol bruecht ginn. Leit, déi eppes gesinn hunn, si gebieden, sech bei der Police vun der Cap ze mellen.

Kontakt

Tél.: (+352) 244 30 1000
Mail: Police.CapellenSteinfort@police.etat.lu

Back to Top
CIM LOGO