BartrengFra gouf vun onbekanntem Mann no Meenungsverschiddenheet geschloen

RTL Lëtzebuerg
D'Police sicht no Zeien am Fall vun enger Kierperverletzung. De Virfall ass e Samschdeg géint 16.45 Auer zu Bartreng geschitt.

Op engem Busarrêt an der Areler Strooss op der Héicht vun engem Akafszenter koum et zu enger verbaler Meenungsverschiddenheet tëscht enger Fra an zwee onbekannte Männer. Doropshin huet ee vun hinne plëtzlech op d’Fra ageschloen. Béid Männer sinn dunn an e Bus (Linn 222) geklommen an a Richtung Stad gefuer.

Wéi am Police-Bulletin ze liese steet, sinn déi zwee Männer tëscht 20 an 30 Joer al. Ee vun hinne war rot-schwaarz ugedoen an hat kuerz Dreadlocks. Si hu Franséisch geschwat.

Wien eppes gesinn huet, soll sech bei der Police Capellen ënnert der Nummer (+352) 244 30 1000 oder via E-Mail op Police.CAPELLENSTEINFORT@police.etat.lu mellen.

Back to Top
CIM LOGO