PoliceFra hat ze vill gedronk a war hannert dem Steierrad ageschlof

RTL Lëtzebuerg
No der Kontroll vun der Police krut d'Fra hirer Führerschäin ewechgeholl.

D'Police mellt eng Automobilistin, déi kuerz virun Hallefnuecht an der Maarnecher Strooss zu Klierf, gesi gouf wéi se aus hirem Auto eraus geklommen ass, sech op de Buedem geluecht huet an nees zréck an den Auto geklommen ass.

Wéi d'Beamten op d'Plaz komm sinn, souz d'Fra hannert dem Steierrad ze schlofen. Si hat ze vill gedronk. Hire Führerschäin ass fort.

Zu Réimech krut eng Fra hire Führerschäin ofgeholl, nodeems si ënner Alkoholafloss mat hirem Gefier accidentéiert ass. Si hat e klenge Bam iwwert e Koup gerannt, de Beamten huet si erkläert, si hätt sech virun engem Bus erféiert an hätt doropshi falsch manövréiert.

Back to Top
CIM LOGO