Sträit eskaléiertFra iwwerrennt hire Partner matzen a Bouneweg

RTL Lëtzebuerg
Zu Bouneweg huet eng Fra hire Partner um Samschdeg den Owend géint 20.30 Auer mam Auto ugestouss. De Mann gouf liicht blesséiert.
© Pixabay

De Mann gouf liicht blesséiert.

D'Fra gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a muss virun den Untersuchungsriichter.

Den Auto gouf saiséiert, grad ewéi en Elektroschocker.

D'Police hat um Samschdeg den Owend an an der Nuecht op e Sonndeg awer och soss genuch ze dinn.

1 Persoun festgeholl no Familljesträit zu Zolwer

Um Samschdeg den Owend um 19 Auer hate sech zu Zolwer 2 Männer an eng Fra an den Hoer.

D'Beamte konnten d'Leit ugangs berouegen.

Kuerz no Hallefnuecht ware se awer op en neits uneneegeroden, sou dass op Uerder vum Parquet eng Persoun festgeholl gouf. Och si kënnt virun den Untersuchungsriichter.

Kläpperei um Bal zu Baastenduerf

Kuerz no 3 goufen d'Beamten dunn zu Baastenduerf op engem Bal opmierksam op e puer Persounen, déi uneneegerode waren.

2 Persoune goufe mat Handschellen fortbruecht.

Blesséierter gouf et awer net.

Abréch

Abréch gouf zu Stroossen an engem Appartement um éischte Stack.

An um Sennengerbierg an um Belair a Wunnhaiser.

Back to Top
CIM LOGO