Opruff zum HaassFra muss sech viru Geriicht veräntwerten

RTL Lëtzebuerg
Et gouf hir virgehäit, am Mee zejoert, am Zesummenhank mam Marathon an der Stad, ausfalend Remarquen zum Gewënner vun der Course gemaach ze hunn.
© RTL Archiv

Wéinst Opruff zum Haass hat sech e Méindeg de Mëtten eng Fra vu 45 Joer um Stater Geriicht ze veräntweren.

Opruff zum Haass viru Geriicht - Reportage Eric Ewald

Um franséischen Internetsite vun enger Zeitung hat si fir d'éischt geschriwwen, op lëtzebuergesch iwwersat: „Nach e Schwaarzen!“ Op d'Fro hi vun enger anerer Persoun, wat de Problem wär, hat si geäntwert, Zitat: „De Problem ass, dass een es genuch huet vun där Rass!“ Woubäi si sech virun allem fir eppes entschëllegt huet, wat si guer net geschriwwen hat.

Si hätt net „sale race“ däerfe schreiwen, huet d'Fra e puermol erkläert, dobäi hat si d'Wuert „sale“ guer net gebraucht! Wourop net nëmmen d'Vertriederin vum Parquet higewisen huet, ma och d'Presidentin vum Geriicht.

Um Ufank vun der Sëtzung hat en Enquêteur vun der Police judiciaire ausgesot, et wär ee via d'Stopline vu Bee Secure iwwert der Fra hiert Geschreifs informéiert ginn. Zum Resultat vum Marathon an dem neie Streckerekord vun engem Leefer aus Kenya hat si deen 1. Kommentar mat engem Däiwel hannendru gepost, ier si dunn op d'Kommentare vun anere Leit geäntwert hat. D'Fra gouf an d'Stad op de Büro geruff, wou si zouginn huet, déi Kommentare geschriwwen ze hunn. Als Erklärung hätt si gesot, si hätt dat geschriwwen, well ëmmer déi Schwaarz gewanne géifen. Op d'Fro hin, firwat si eppes iwwer eng Rass geschriwwen hat, hätt si op déiselwecht Äntwert verwisen.

D'Fra selwer sot e Méindeg de Mëtten, si géif just bedaueren, vun enger Rass geschriwwen ze hunn: Si wär kee Rassist a wéisst net, wat si geridden hätt, fir sou e Kommentar vu sech ze ginn.

Fir d'Vertriederin vum Parquet wär de Virworf vum Opruff zum Haass zréckzebehalen, wéinst der Fra hiren deplacéierte Kommentaren. Aner Leit hätten dorop reagéiert, aus guddem Grond. Si hätt och Schwieregkeeten, der Fra hir Ausso ze verstoen, dass si kee Rassist wär, géif awer hoffen, dass d'Fra verstanen hätt, firwat si um Geriicht war, fir dass dat an Zukunft net méi virkënnt. Um Enn huet si eng ugemoosse Geldstrof fir d'Ugeklote verlaangt.

D'Uerteel gëtt de 14. Oktober gesprach.

Back to Top
CIM LOGO