Gewalt am StotFra spréngt aus dem 2. Stack, fir viru Partner ze flüchten

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg am spéiden Owend koum et zu Miersch zu engem Policeasaz wéinst Gewalt am Stot. Eng Persoun gouf schwéier blesséiert.

D'Affer war aus dem zweete Stack gesprongen. D'Fra huet gesot, si wier vun hirem Partner geschloe ginn a war du bei eng Nopesch geflücht, fir Hëllef ze sichen.

Wéi d'Beamten an der Wunneng ukoumen, war den Täter nach do. D'Beamten hu souwuel an der Wunneng wéi och an engem Rucksak nieft der Wunneng gréisser Quantitéiten Droge fonnt.

Déi schwéier blesséiert Fra gouf an d'Spidol bruecht. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl an e koum virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO