
Déi 27 Joer jonk Fra ass aus bis ewell ongekläerter Ursaach vun der Strooss ofkomm, an ass mat der Chauffersäit an e Bam gerannt. Hir Blessure ware sou uerg, dass se nach op der Plaz gestuerwen ass.
D'Streck tëscht Izeg a Conter huet wärend de Rettungsaarbechte komplett fir den Trafic musse gespaart ginn.