Global Media Monitoring ProjectFrae sinn an der Medielandschaft ënnerrepresentéiert

Céline Eischen
D'Frae wieren net nëmmen an de Reportagen ënnerrepresentéiert, mee och bei deenen, déi d'Reportage maachen
© Stevica Mrdja

An der Medielandschaft zu Lëtzebuerg sinn d’Fraen nach ëmmer ënnerrepresentéiert: Dat ass eng vun de Konklusioune vum Global Media Monitoring Project, engem internationale Projet fir déi qualitativ a quantitativ Presenz vu Fraen an de Medien ze evaluéieren. Am Kader vun dësem Projet gëtt een Dag, op deem et keng aussergewéinlech Noriichte goufen, méi genee ënnert d’Lupp geholl. Dat war dëst Joer de 6. Mee. Op enger Pressekonferenz vum nationale Fraerot an dem CID, Fraen an Gender, goufen d’Resultater vun dësen Analysen vun zwou Fuerscherinnen vum LISER presentéiert. D’Céline Eischen war fir eis mat dobäi.

Frae sinn an der Medielandschaft ënnerrepresentéiert

De 6. Mee dëst Joer goufen hei am Land an 179 Artikelen oder Reportage vun 153 verschiddene Journalisten am Ganze 526 Persounen ernimmt. Ob a wéi Fraen an dësen Donnéeë representéiert sinn, gouf unhand vu verschiddenen Indicateure gemooss an d’Conclusioune waren däitlech, wéi d’Carole Blonde-Hanten vum LISER erkläert:

Carole Blonde-Hanten: “De Rapport weist ganz kloer, dass d’Fraen nach ëmmer sous-representéiert sinn. Éischtens emol gi se manner ernimmt an de Medien. Dat ass emol den éischte Punkt. Et ginn och manner Journalistinnen, also Reportricen an dann awer och Presentatricen.”

Konkret heescht dat: Vun de 526 ernimmte Persoune waren der just 30% Fraen. Dësen Taux ass am Verglach zu 2010 zwar ëm 10% Punkten eropgaangen, ma d’Differenz ass awer nach grouss. Dobäi kënnt och, datt Fraen a Reportagen éischter ernimmt ginn, déi sech mat Theme wéi der Kultur oder der Gesondheet beschäftegen.

Carole Blonde-Hanten: Da sinn och Thematiken am Fong, wou d’ Fraen iergendwéi ëmmer nach an Thematike bleiwen, déi an eiser Gesellschaft net als esou prestigiéis ugesi ginn, wéi zum Beispill Wirtschaft oder Politik.”

D’Frae sinn dann net nëmmen an de Reportagen ënnerrepresentéiert, mee och bei deenen, déi d’Reportage maachen: 33% vun de Journalisten, déi de 6. Mee Reportage gemaach oder geschriwwen hunn, ware Fraen, dës Zuel war 2010 mat 39% nach méi héich. Der Carole Blonde-Hanten no, missten dofir fréi d’Stereotyppen ofgebaut ginn.

Carole Blonde-Hanten:D’Kanner, déi bauen eis Gesellschaft vu muer. A wann do schonn eppes net klappt, well dat wat mer elo an de Medie gesinn, dat gesi mer och an aner Beräicher, a mat de Kanner, mat hinne kann ee schwätzen, zum Beispill Stereotyppen, déi kann ee richteg mat hinnen ofbauen.”

Dëse Message wier och bei de politesch Verantwortlechen ukomm, esou déi delegéiert Medie-Ministesch Elisabeth Margue. Et hätt een an de verschiddene Konventioune mat Medienhaiser scho sécher gestallt, datt den Aspekt vun der Chancëgläichheet consideréiert gëtt.

Elisabeth Margue (CSV): “Dat selwecht hu mer e bësse probéiert virzegesinn am Kader vun der neier Mediereform, wou mer jo d’Autorité luxembourgeoise indépendante des médias schafen, wou mer och kloer an d’Gesetz dra schreiwen: mir hätte gär eng equilibréiert Representatioun vu Fraen a Männer. Et ass och esou, datt mer der Alia respektiv der Alim, wa se bis esou heescht, jo och wäerten d’Moyene ginn, fir och Contenu kënnen erofzehuelen.”

Dat géif sech haaptsächlech op Contenu bezéien, deen diskriminéiert. Do kéint déi nei-geschaaften ALIM dann intervenéieren.

Dee ganze Rapport mat all de Resultater kann een um Site vum CID-Fraen an Gender fannen an noliesen.

Back to Top
CIM LOGO