
Déi lëtzebuergesch Fraen hunn eng wesentlech Roll an der Resistenz géint Nazidäitschland gespillt. Eng Roll, déi dacks immens geféierlech war, mee fir déi si laang keng würdeg Unerkennung kruten. Den Escher Resistenzmusée huet dowéinst e Mëttwoch an engem Themenowend un déi vill Fraen erënnert, déi sech net nëmmen couragéiert, mee och ganz ruséiert géint déi friem Besatzung gewiert hunn.
"Mit Mut und List", esou den Titel vun der Online-Konferenz. Vill ze laang gouf de Courage an d'Raffiness vun de Fraen net unerkannt. An hirer Roll an der Resistenz goufe si dacks ënnerschat. Dobäi hu si sech mat hiren Aufgaben ëmmer nees a Gefor bruecht, wéi d'Florence Hervé, Journalistin an Autorin erkläert. Zum Beispill beim sougenannten "Travail Allemand", deen déi franséisch Frae geleescht hunn:
"Dat war eng ganz geféierlech Aarbecht, bei där d'Frae ganz ruséiert misste sinn. Et ass dorëms gaangen, Nazi-Zaldoten unzeschwätzen, zum Beispill an engem Buttek. Dann hu si hie gefrot, ob si mat der franséischer Sprooch hëllefe kënnen a si hu versicht, hien an e Gespréich ze verwéckelen. Dofir muss ee scho ruséiert sinn."
Domadder wollten d'Frae wichteg Informatiounen iwwert déi däitsch Arméi erausfannen. Et gouf vill Forme vu weiblechem Widderstand, laang gouf awer nëmmen un déi arméiert - männlech - Resistenz geduecht. Zu Lëtzebuerg huet et bis an d'90er Joren eran gedauert, bis iwwert d'Widderstandskämpferinne geduecht ginn ass. Dobäi gouf et vill verschidde Forme vu weiblecher Resistenz, wéi d'Nicole Jemming bei hire Recherchen erausfonnt huet.
Mee wéi koum et, dass dësen Asaz net unerkannt gouf?
D'Kathrin Mess huet dozou Éierunge fir Fraen a lëtzebuergeschen Zeitungen no 1945 analyséiert. Do gëtt däitlech, wisou d'Fra als Resistenzlerin laang Zäit net beuecht gouf.
"Ech denken och, dass et domadder zesummen hänkt, dass d'Bild vun der Fra zu Lëtzebuerg, mee och an Däitschland an an Europa no 1945 nach immens konservativ war. An et ass de Fraen héich ugerechent ginn, wa si sech net an d'Politik agemëscht hunn."
Fir dëst Bild vun der onpolitescher Fra opzebriechen, huet hiren Asaz an der Resistenz eng grouss Roll gespillt, dat huet d'Florence Hervé bemierkt, wéi si mat Widderstandskämpferinne geschwat huet. Do ass hir besonnesch eng grouss Bescheidenheet opgefall:
"A Frankräich sollt ee sech zum Beispill no 1945 mellen, wann een an der Resistenz war, fir dann och eng Medail ze kréien. An d'Fraen hu mir a ville Gespréicher gesot, dass dat jo ganz selbstverständlech war, wat si an där Zäit geleescht hunn. Dat wier jo näischt Besonnesches gewiescht."
Doduerch wier d'Zuel vun offiziell unerkannte Resistenzlerinnen och ganz laang ganz niddreg bliwwen. Bis d'Fuerschung koum.
Haut huet sech vill gedoen, ma wichteg wier et awer och, am Geschichtsunterrecht d'Meritter vun de Fraen net ze vergiessen.
"De Geschichtsunterrecht gehéiert menger Meenung no och adaptéiert, et sollt dann och méi iwwert déi lëtzebuergesch Resistenz geschwat ginn, dat halen ech scho fir noutwenneg."
Och eng Visitt an engem Konzentratiounslager, esou nach d'Kathin Meß, géing immens vill aus der Geschicht vermëttelen.