Si hunn Schreckleches gesinn an erlieft. Dobäi hunn si dacks Biller am Kapp, déi si net méi lassloossen.
D’Lëtzebuerger Rout Kräiz hëlleft ënnert anerem am Donbass. Iwwer 20 Spideeler goufen an där Regioun mat Medikamenter an Equipement beliwwert. Och hei missten d’Dokteren dacks ganz schwiereg Decisiounen huelen. D’Rout Kräiz hëlleft aktuell an de sinistréierte Regiounen. Äiseg kal ass et an et huet och scho geschneit. D’Elektresch fält aus. Noutbetter ginn opgeriicht. D’Gemenge kënnen och dacks hir Awunner net méi mat Waasser beliwweren.
32.000 Volontairë vum Internationale Roude Kräiz sinn op sechs verschiddene Plazen an der Ukrain am Asaz. Dorënner sinn och eng 15 Lëtzebuerger. Hei zu Lëtzebuerg këmmert sech d’Croix Rouge ëm 1.100 Flüchtlingen, déi a Foyeren oder private Strukturen ënnerbruecht sinn.
Dat Lëtzebuerger Rout Kräiz hat sech zum Zil gesat, an der Ukrain souvill Leit ze hëllefen, ewéi Lëtzebuerg Awunner huet. Mat 670.000 Mënschen ass dëst Zil areecht.