A bei där Diskussioun huet och de Parteipresident vun der CSV, Frank Engel, net mat senger Meenung hannert dem Bierg gehalen.
Eppes, wat an der Fraktioun guer net gutt ukomm ass. Hei wëll een nämlech all Polemik zu deem Sujet evitéieren, wéi d'Fraktiounscheffin Martine Hansen erkläert.
„Hei sinn extreem vill Froen, déi nach opstinn. De Projet de Loi ass an der éischter Phas an dofir: Mir wäerten eis elo konkret déi nächst Woch dohi sëtzen, fir och e Factsheet auszeschaffe mat eise konkrete Froen, mat eisen Äntwerten, wéi mir se u sech denken, dass se solle sinn. An da kucke mer virun. Mee wéi gesot: Et ass e wierklech ganz wichtege Projet. Et sinn awer vill Elteren, déi keng Kanner kréien an och fir d'Kanner selwer ass et wichteg, dass dat dote richteg gereegelt gëtt an do muss ee sech Zäit loossen, ier een do mat Meenungen erausgeet."
De Frank Engel hätt seng Meenung gesot an domat d'Polemik ronderëm dee Sujet wuel och ënnerstëtzt an dat wier der Martine Hansen no hei definitiv falsch op der Plaz. D'Aussoe vum Frank Engel wieren op alle Fall net mat der CSV-Fraktioun ofgeschwat gewiescht, esou d'Martine Hansen. Ob de Frank Engel mat esou Aussoen nach als Parteipresident ze halen ass, dozou wollt d'Fraktiounscheffin sech awer net äusseren.
E Projet, deen och am Zesummenhang mat dem Filiatiounsgesetz steet a wou am Text ee juristeschen Term steet, deen d’Opreegung ausgeléist huet: “ l’autre parent “
D’Regierung wëll de Papp ofschafen, seet och den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser.
Polemik a bëllege Populismus kontert déi gréng Deputéiert Stephanie Empain. Am Projet geet et weder virop ëm Mammen oder Pappen, mee ëm Kanner an d’Recht, dass och e Kand dat anonym gebuer gouf an duerno adoptéiert ginn ass oder duerch kënschtlech Befruchtung op Welt komm ass, wësse kann, wéi an duerch wien et entstanen ass
Eppes wat, déi international Kannerrechtskonventioun virgesäit a woufir Lëtzebuerg bal 30 Joer gebraucht huet ëmzesetzen.