
Franz Fayot fir Etienne Schneider an der Ekonomie, Paulette Lenert fir Etienne Schneider an der Santé an Dan Kersch fir Etienne Schneider als Vize-Premier: D'Propose vum Comité directeur vun der LSAP nom ugekënnegte Réckzuch vum nach-Minister stinn op de 4. Februar. An deem Kontext kënnt de Generalrot vun der Partei den 8. Januar zesummen.
Dës Changementer zéien awer nach anerer no sech, well den designéierte Wirtschaftsminister Franz Fayot de Poste vum LSAP-President wäert opginn. Den Eric Ewald huet mat potenzielle Kandidaten dofir geschwat.
Hannert de Kulisse gi virun allem d'Nimm vun 3 Politikerinnen a Politiker genannt, déi d'Spëtzt vun der Partei iwwerhuele kéinten. Virop ass do d'Francine Closener, déi eréischt zanter 3 Wochen erëm Deputéiert um Krautmaart ass. Si sot sech en Dënschdeg de Moien "theoretesch schonn interesséiert" un deem Posten. Déi fréier Staatssekretärin am Wirtschaftsministère ënnert dem Etienne Schneider wëll awer ofwaarden, wéi d'Situatioun sech entwéckelt an ob sech eventuell nach aner Kandidate mellen. Fir d'Successioun vum Vize-Premier wär et elo ganz séier gaangen, sou d'Ex-Journalistin, woubäi d'Diskussiounen doriwwer, wéi et mat der Partei virugeet, eréischt géife gefouert ginn. Nom Generalrot vum 8. Januar misst ee weider kucken, huet d'Francine Closener gemengt.
Den Yves Cruchten wëll säin Hutt iwwerdeems net an de Ring geheien. Hie wär zwar gefrot ginn, fir ze kandidéieren, wär awer "de Moment net Kandidat". De Käerjenger Gemengeconseiller wollt den eegenen Aussoen no eng kleng Paus aleeën, nodeems hien 9 Joer Generalsekretär war, ma et misst een och a sengen Ae kucken, wéi d'Lag sech entwéckelt. Woubäi d'Francine Closener, wéi den Yves Cruchten betount huet, vläicht keng sou eng schlecht Iddi als Parteipresident wär.
Den Deputéierten an Diddelenger Buergermeeschter a SYVICOL-Vizepresident Dan Biancalana ass als Partei-Vizepresident wuel gefrot ginn, fir d'Presidence z’iwwerhuelen. Hie seet sech awer op Grond vun deenen eenzelen Aufgaben net disponibel fir dee Posten.
De Vizepresident vun der Partei wëll awer an Zukunft mat dem nächste President oder der nächster Presidentin gutt zesumme schaffen.
Doriwwer eraus stellt sech nach d'Fro, wie fir de Franz Fayot an d'Chamber noréckelt. Déi Fro ass awer am Prinzip séier beäntwert, well d'Cécile Hemmen, den nächsten Noréckler, en Dënschdeg de Moie sot, si géif dee Posten "selbstverständlech unhuelen". Si wär frou, dee Sëtz erëmzekréien, dee si schonn eng Kéier hat. Mat der Partei hätt si doriwwer allerdéngs nach net geschwat.