
Well ee berode muss, wéi et nom 15. Dezember wäert weidergoen.
Den CSV-President Frank Engel huet e Méindeg op de sozialen Netzwierker annoncéiert, dass seng Partei proposéiert hätt, dass Visitte vu ganze Stéit nees sollten erlaabt sinn. Besonnesch an Zäite vu Feierdeeg wier dat déi richteg Saach.
Wa sech ëm d’Moossname fir nom 15. Dezember gekëmmert gëtt, sollt also d’Besuchsrecht fir e ganze Stot nees méiglech ginn. Souvill Chrëschtdag ka sinn a soll och kënne sinn, sou den CSV-President.